Duerch déi aktuell Situatioun déi duerch de Covid-19 Virus ausgeléist gouf, huet den Team vum SciTeach Center Aktivitéiten ausgeschafft fir de Kanner an de Famillen et ze erméiglechen naturwëssenschaftlech Phenomener zesummen ze entdecken. Eist Team géing sech iwwer Äre Feedback sou wéi iwwer Fotoen vun Äre Beobachtungen freeën. Dës kennt Dir eis op folgend Email Adress schécken: sciteach@uni.lu.

Wiederbeobachtungen

Entwéckelt ee Wieder-Laborjournal, fir d’Wiederverhältnisser iwwer méi Deeg ewech festzehalen. Dokumentéiert déi festgestallten Verännerungen vun Dag zu Dag.

Verschidde Beobachtungen kënnen hei all Dag festgehale ginn, fir Verännerungen ze dokumentéieren, zum Beispill:

  • Wéi gesäit den Himmel aus? Ass et sonneg? Reenereg? Ass vill Wand? Si vill Wolleken um Himmel?
  • Wéi ass Temperatur? Mooss all Dag Temperatur, ongeféier em déi selwecht Auerzäit. (entweder mat engem Thermometer oder mat Informatiounen aus dem Internet)
  • Wat fir Auswierkungen hunn déi aktuell Wiederbedéngungen? Gett et Verännerungen déi’s du op der Strooss kanns gesinn? (ofgebrachen Echt, Pill,…)

Kuck nach eng Kéier duerch däi ganzt Laborjournal, nodeems du wärend enger Woch all dag d’Wieder dokumentéiert hues. Kanns du e Muster erkennen? Wéi eng Verännerungen kanns du festhalen?

Beobachtungen vum Himmel an der Nuecht

Kuck dir de Mound an d’Stären wärend e puer Deeg hannereneen un, am beschten ëmmer em ongeféier déi selwecht Auerzäit. Konzentréier dech virun allem op de Mound an dokumentéier all Dag, wat dir opfält.

  • Maach eng Skizz vum Mound, sou wéi’s du e gesäis, a vun deenen Objeten um Himmel déi dir soss nach opgefall sinn.
  • Beschreif den Ënnerscheed vun Ausgesinn a Lag vun Dag zu Dag, oder vu Woch zu Woch.
  • Probéier, d’Stären ze zielen, déi’s du gesäis. Ginn et Gruppéierungen vu Stären, déi’s de erëm erkenns an e puer mol beobachte konnts?

Keimende Som

Kuck enger Planz beim Wuessen no. Dës ka Som sinn, deens du am Gaart fonnt hues. Du kanns awer och eng gedréchent Boun huelen, déi normalerweis fir ze Kachen an ze Iessen geduecht ass.

  • Lee e puer Somkären oder Bounen op e fiicht Stéck Kichepabeier a pak alles an eng Plastikstut (Tiefkühltut), an zwar esou, dass du de Som op enger Säit vun der Tut  nach kanns gesinn.
  • Beobacht de Som wärend e puer Deeg an dokumentéier a beschreif all Dag, wat’s de gesäis. Wéi eng Verännerungen kanns de mat der Zäit festhalen?

Wann’s du Buedem doheem hues, kanns de och e bëssen Som an e Blummendëppen planzen, dësen op eng sonneg Plaz bei d’Fënster stellen an de Wuesstem vum Som iwwer eng länger Zäit beobachten.

Rallye vun de 5 Sënner

Fann:

  • Eppes wat e knirschend Geräisch mécht
  • Eppes wat sauer schmaacht
  • Eppes wat gutt richt
  • Eppes wat séiss schmaacht
  • Eppes glaates
  • Eppes wat schlecht richt
  • Eppes wat en haart Geräisch mécht
  • Eppes laanges
  • Eppes mëlles
  • Eppes lueses
  • Eppes raues

Gaarde - Rallye

Fann:

  • Dräi verschidde Blieder
  • Eppes gieles
  • E roude Keefer
  • Eppes, wat gutt richt
  • Eppes ronnes
  • Dräi verschidde Vigel
  • Eppes, wat kraucht
  • Eppes, wat flitt

Erfinder, Sammler a Jäger

Fann:

  • Eppes wat sech em sech selwer dréie kann
  • Eppes wat zerfurcht ass
  • Eppes wat ee verdréie kann
  • Eppes wat glënnert
  • Eppes wat’s du rulle kanns
  • Eppes a Form vun engem Tunnel
  • Eppes mätscheges
  • Eppes duerchsiichteges
  • Eppes wat sprange kann

Fueder dech selwer eraus!

Probéier, folgend Erausfuerdung ze erfëllen an ze dokumentéieren (zeechnen, beschreiwen an/oder ze fotograféieren):

  • Déi héchst Konstruktioun, déi’s du baue kanns (bannen/baussen)
  • En neien Zweck fir eng al Saach fannen
  • E Flooss bauen, deen am Spullsteen schwemmt an eppes transportéiere kann

Schwéier Fro!

Maach eng Noopnam vun eppes a fro iergendeen, eraus ze fannen wat et ass. Stell “20 Froen” fir bei der Identifikatioun ze hëllefen.

All images on this page courtesy of www.pixabay.com.